Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Maison du Grand-Duc: Majoritéit vun den Ausgabe fir Personalkäschten

Groussherzoglechen Haff

Maison du Grand-Duc: Majoritéit vun den Ausgabe fir Personalkäschten

Ronn 18,5 Milliounen Euro huet d‘Maison du Grand-Duc zejoert ausginn. De gréisste Poste maachen dobäi d‘Personalkäschten aus, mat iwwer 12,6 Milliounen Euro. Knapp 2 Millioune méi wéi nach dat Joer virdrun.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat geet aus dem neisten Aktivitéitsbericht vun der Institutioun ervir, déi viru 4 Joer geschafe gouf, fir de groussherzoglechen Haff ze verwalten. 120 Persoune schaffe fest fir d‘Maison du Grand-Duc, do derbäi kommen nach 43 Mataarbechter:innen déi vun anere Servicer bezuelt ginn, wéi der Police an der Arméi.

D‘Dotatioun fir déi groussherzoglech Famill louch zejoert bei ronn 766.000 Euro. D‘Fonktionnementskäschten hunn 3 Millioune vum Budget ausgemaach. Zwee Drëttel vun där Enveloppe ware fir den Entretien vun de Gebailechkeete vum Haff, notamment de Palais an der Stad, an d‘Schlässer zu Fëschbech a Colmer-Bierg.