Besonnesch däitlech weist sech d‘Erwiermung vum Klima an Europa, esou Copernikus. D‘Duerchschnëttstemperatur fir de Mäerz war hei bei 5,88 Grad, dat waren 2,27 Grad iwwer dem Referenzwäert aus de Joren 1991 bis 2000.
A verschiddenen Deeler vum Kontinent war et méi dréche wei an der Moyenne, iwwerdeems de Mëttelmierraum a Skandinavie mat vill Reen an och Iwwerschwemmungen ze kämpfen haten.