arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Madagaskar: Presidentebüro denoncéiert Putschversuch

International

|
headphones

1 min

Madagaskar: Presidentebüro denoncéiert Putschversuch

Op Madagaskar denoncéiert de Presidentebüro ee Putschversuch nodeems d‘Militär eegenen Aussoen no d‘Muecht am Land iwwerholl huet. Dat no Protester an enger Destitutiouns-Prozedur géint de geflüchtete President Andry Rajoelina. Ma dee wier weider voll am Amt, heescht et vu sengem Büro.

headphones

1 min

Anti-Regierungsprotester a Madagaskar   | © EPA/RAZAFINDRAKOTO MAMY
Anti-Regierungsprotester a Madagaskar (Foto: EPA/RAZAFINDRAKOTO MAMY)

D‘Arméi behaapt hirersäits, datt d‘Verfassung ausser Kraaft an ee Presidentschaftsrot aus Member vun der Arméi an der Gendarmerie agesat gi wier.

Zënter zwou Woche manifestéieren op Madagaskar virun allem Jonker géint de President Andry Rajoelina a fuerdere säi Récktrëtt.

Hannergrond sinn héich Liewenskäschten an ee Mangel u Perspektive fir Jonker. De Weekend hat och d‘Arméi sech de Protester ugeschloss.

De President hat op Facebook ugekënnegt, datt hie sech gezwonge géif gesinn, op eng sécher Plaz ze flüchten. Wou hie sech ophält ass onkloer. Hien huet sech net zu engem méigleche Récktrëtt geäussert, huet d‘Populatioun awer opgeruff, d‘Verfassung ze respektéieren.