Nodeems de Sébastien Lecornu um Dënschdeg ënner anerem mam Socle commun, also de Regierungsparteien, zesummekomm war, ass et um Mëttwoch un de Kommunisten, Ekologisten a Sozialisten, déi sech kënne virstellen eng Regierung ze stellen.
E Premier aus der Gauche?
D'Lénkspartei LFI an och de rietsextreemen RN haten d'Invitatioun vum Lecornu net akzeptéiert. De Sozialistechef Olivier Faure hat um Dënschdegowend géigeniwwer France Télévisions gesot, et misst een elo endlech de Wonsch vun der Wieler:innen akzeptéieren an e Premier vun der Gauche nominéieren.
Eng Fuerderung vun der Gauche ass d'Suspensioun vun der ëmstriddener Pensiounsreform, bis elo een absolutten Tabu fir de Macron a seng Regierungen. Mee elo schéngt et hei e Wandel ze ginn. Um Dënschdeg sot d'Ex-Premier Elisabeth Borne, déi d'Reform duerchgesat hat, si wier enger Suspensioun géigeniwwer favorabel, wann dat géif hëllefe Stabilitéit ze bréngen.
De Raphaël Glucksmann vun der lénker Partei Place Publique war beim Lecornu a sot duerno och dësen hätt sech oppe gewise fir eng Suspensioun, och wann et nach konkretiséiert misst ginn.
Neiwalen oder eng Cohabitatioun
Um Dënschdeg schonn hat de Lecornu mat de konservative Les Républicains diskutéiert. De Bruno Retailleau, dee jo mat senger Kritik un der Zesummesetzung vun der Regierung där hir Demissioun quasi forcéiert hat, sot op C-News hie géif just zwou Optioune gesi fir eng Regierung ze fannen: Neiwalen oder eng Cohabitatioun.
De Retailleau sot seng Partei géif just nees an eng Regierung eragoen, wa se an dëser d'Soen huet. Eng Bedeelegung ënner engem lénken oder macronistesche Premier wier onméiglech.
Iwwerdeems huet och nach den Ex-Premier Edouard Philippe eng aner Optioun an d'Spill bruecht. Hie sot de Macron misst e Premier nenne fir e Budget ze stëmmen an dann d'Presidentielle virzéien amplaz bis 2027 am Amt ze bleiwen.