Um Donneschdegowend haten d’Sozialisten, d’Kommunisten an d’Ekologisten nach eng Kéier zesummen un de President appelléiert endlech op d’Land ze lauschteren an e Premier vun der Gauche ze nennen.
Kee gemeinsamen Nenner
An engem gemeinsame Communiqué heescht et, et wier elo Zäit fir eng Cohabitatioun mat enger lénker Regierung, all aner Optiounen hätte sech schonn als Echec erwisen. Dëse Zenario refuséieren déi konservativ Les Républicains, déi selwer eng Cohabitatiounsregierung ënner hirer Féierung afuerderen. De Vizepresident vun der Partei, de Julien Aubert hat dat um Donneschdegowend nach eemol op BFMTV kloergestallt.
Vill Spekulatiounen
E Premier aus dem macronistesche Lager hätt wuel wéineg Chancen op eng laang Amtszäit. D’Optioun vun enger technokratescher Regierung steet ëmmer nach am Raum fir d’Blockaden ze briechen. Zënter der Annonce um Mëttwochowend, datt en néie Premier kënnt, gëtt natierlech vill spekuléiert wien dat kéint sinn.
Ënner anerem de fréiere sozialistesche Finanzminister Pierre Moscovici, de sozialisteschen Ex-Premier Bernard Cazeneuve an och de fréiere konservative Minister Jean-Louis Borloo zielen zu de Rumeuren, déi héich gehandelt ginn.