Radioen

On air

Notturno  |  Tindersticks - Help Youself

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron wëllt Walkampf lancéieren - Sträit bei Les Républicains

No Annonce vun Neiwalen

Macron wëllt Walkampf lancéieren - Sträit bei Les Républicains

Haut de Mëtteg mellt den Emmanuel Macron sech eng éischte Kéier zu Wuert, nodeems hien Neiwalen annoncéiert huet. De franséische President huet sech déi lescht Deeg bedeckt gehalen, wëllt awer elo de Walkampf lancéieren. Iwwerdeems geet den interne Sträit bei de konservative Les Républicains an déi nächst Ronn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow

Eigentlech sollt sech de President Emmanuel Macron scho gëschter zu Wuert mellen, mee seng Pressekonferenz gouf kuerzfristeg op haut verréckelt. De President wëllt seng Visioun fir d’Land matdeelen an domadder de Walkampf lancéieren. Gëschter Owend schonn hat säi Premier Minister Gabriel Attal op TF1 kloergestallt, datt hien de Walkampf wäert leeden.

Datt d’Usprooch vum Macron ëm een Dag verréckelt gouf huet sécherlech och mat der Ukënnegung vu gëschter Mëtteg ze dinn, datt de Chef vun de konservative Les Républicains, den Eric Ciotti, eng gemeinsam Front mam Rassemblement National wëllt stellen. Eppes wat den RN-Chef Jordan Bardella gëschter Owend op France 2 confirméiert huet.

Les Républicains: Onverständnis fir dem Ciotti seng Decisioun

D’Entscheedung vum Eric Ciotti ass op vill Kritik an Onverständnis gestouss, och an den eegene Reien. Béid Cheffe vun der Droite am Parlament hunn den Ciotti opgefuerdert, säi Posten opzeginn. D’Parteispëtzt kënnt haut de Mëtteg fir eng Krisesëtzung zesummen.

Den Inneminister Gérald Darmanin sot iwwerdeems, d’Regierungspartei sollt keng Kandidate géint Deputéiert vu Les Républicains opstellen, déi sech géint eng Zesummenaarbecht mat de Rietspopuliste wieren. D’Regierung ouni absolut Majoritéit an der Assemblée Nationale war bei e puer Gesetzestexter op d’Stëmme vun der Droite ugewisen. D’Annonce vum Eric Ciotti dierft och si kal erwëscht hunn.

Lauschterenplay_arrow

(Max Tholl, Paräis)