Den Emmanuel Macron dréckt op de Gas. Eigentlech wollt Frankräich bis 2030 seng Militärdepensen am Verglach zu 2017 verduebelen, elo awer wäert dat schonn 2027 de Fall sinn.
De President huet a senger Usproch eng zousätzlech Hausse annoncéiert: 3,5 Milliarde fir 2026 an 3 fir 2027.
"Just dat Néidegst"
Dës Erhéijung wier just, wat néideg wier, mee et wier néideg, esou de President. Wéi genee een dës zousätzlech Milliarde wëllt finanzéieren, dozou wäert de Premier François Bayrou en Dënschdeg méi genee Explikatioune ginn, wann hien éischt Budgetspiste presentéiert. Eppes steet fir de President awer scho fest: Et geet net iwwer méi Verscholdung.
Geforen an Erausfuerderungen
De Macron sot och déi aktuell Loi de programmation fir d'Militärausgaben tëschent 2024-2030 géif bis Hierscht nach eemol ugepasst an aktualiséiert ginn. Ouni Beweegung hei, géif ee riskéiere vun der Aktualitéit iwwerholl ze ginn.
De Macron huet notamment op néi Geforen an Erausfuerderunge verwise wéi Dronen, Kënschtlech Intelligenz oder Cyberattacken. Och d'Gefor vum Terrorismus wier ëmmer nach ganz aktuell, esou de Macron.