Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
search

/ Macron ernennt Michel Barnier ass neie franséische Premierminister

Fréieren EU-Kommissär

Macron ernennt Michel Barnier ass neie franséische Premierminister

No 7 Woche Waarden an zéie Verhandlungen huet de franséische President Emmanuel Macron haut de Mëtteg en néie Premierminister genannt. Et ass de konservative Michel Barnier, deen ënner anerem EU-Bannemaartskommissär war. Dës Entscheedung gouf besonnesch vum lénke Lager staark kritiséiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

Vill Respekt an en oppent Ouer fir d'Parlament an d'Sozialpartner, dat huet deen neie Premier Michel Barnier gëschter Owend bei sengem Amtsuntrëtt versprach. Dee fréieren EU-Bannemaartskommissär an EU-Beoptraagte fir d'Brexit-Verhandlunge muss an den nächsten Deeg a Woche kucken eng Regierung op d'Been ze stellen a virun allem och Majoritéiten am Parlament ze fannen.

Zanter Ufank Juli gouf d'Land jo vun enger Iwwergangsregierung geréiert, elo ass et um fréieren EU-Kommissär a franséischen Ausseminister, eng Regierung op d'Been ze stellen an Allianzen am Parlament ze fannen.

Mat schwierege Verhandlunge kennt sech de Barnier aus, hie war ëmmerhin den EU-Beoptrage fir d'Brexit-Negociatiounen. De President Emmanuel Macron hat jo an de leschte Wochen eng Rei Gespréichsronne mat de verschiddene Parteie geféiert an och eng Partie Nimm fir de Premierposten a Betruecht gezunn.

"Entsat" Sozialiste wëlle mat engem Mësstrauensvott reagéieren

Datt et elo mam Barnier e Member vun der konservativer Partei Les Républicains gouf, suergt bei der Lénksallianz Nouveau Front Populaire fir Entsetzen. Et wier e Skandal an eng geklaute Wal, heescht et. D'Sozialisten hu scho matgedeelt, datt si mat engem Mësstrauensvott wëlle reagéieren.

Dee fréiere President François Hollande sot um Mikro vun BFMTV, dës Nominatioun wier op Drock vum rietsextreemen RN hi passéiert. Den RN selwer sot, et géif een net direkt mat engem Mësstrauensvott op d'Nominatioun vum Barnier reagéieren. Fir d'éischt wéilt een de Regierungsprogramm ofwaarden. D'Marine Le Pen sot, de Michel Barnier wier op alle Fall e Premier, dee capabel wier mam RN ze diskutéieren.

Lauschterenplay_arrow