D‘Gespréich hätt eng gutt hallef Stonn gedauert, esou den Emmanuel Macron. Detailer iwwer den Inhalt feele fir den Ament.
Gëschter um Dënschdeg hunn de Macron, de Starmer an de Merz zu London den ukrainesche President Selenskyj getraff fir him hir Ënnerstëtzung zouzesécheren. Dat zu engem Moment, wou d‘USA op en Neits Drock op d‘Ukrain maache fir Concessiounen u Russland ze maache fir de Krich op een Enn ze bréngen.
Muer um Donneschdeg soll déi sougenannt "Koalitioun vun de Wëllegen" erëm zesumme kommen.