Hien huet der lénkspopulistescher La France Insoumise virgehäit, permanent Chaos an der Assemblée Nationale gemaach ze hunn. D‘Regierung wier komplett blockéiert gewiescht.
Den Emmanuel Macron huet och de Chef vun de rietskonservative Les Républicains, Eric Ciotti schaarf kritiséiert. Deen huet jo dem rietsextreeme Rassemblement National een Accord fir d‘Walen ugebueden.