Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ ML Buch - "Suntub"

Album vun der Woch

ML Buch - "Suntub"

“Suntub” heescht den neien, zweeten Disk vun der Avant-Pop Musekerin ML Buch, op deem si experimentell Klangkaskaden mat verzerrte Gittaren a vill Zerbriechlechkeet kombinéiert.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

play_arrow

D’Marie Louise Buch, sou de ganzen Numm vun der Kënschtlerin, ass eng dänesch Produzentin, Gittaristin a Sängerin, déi ee ganz eegenaartege Sound geschafen huet. 2017 koum hier éischt EP mam Numm “Fleshy” eraus, dräi Joer méi spéit dunn den Debut mam Numm “Skinned”. Een Album, dee vun der Intimitéit am digitalen Zäitalter geschwat huet mat Titelen ewéi “I’m a Girl you can hold IRL”.

Hier Musek ass charakteriséiert vum Open Tuning vun hirer 7-säiteger Gittar, déi vun allerlee experimentelle Kläng a Synthesizerstrukture begleet gëtt an natierlech der Sängerin hirer doucer Stëmm, déi dacks iwwertenee geluecht gëtt, sou datt dëse Layering ee bëssi gespenstesch an zugläich fragillen Effekt huet. Dat ass och um néien Disk net anescht, zum Beispill am Song “Solid”. Si selwer seet, datt hire kreative Prozess e wéineg wéi d’Architektur funktionéiert, andeems si op verschidde Saachen opbaut an dës matenee kombinéiert. Alles awer nom Zoufallsprinzip.

D’Klangpalett op “Suntub” ass enorm breet. Et ass een Duebelalbum mat 15 Lidder, vill dovu komplett instrumental, déi bëssi als Interlude fungéieren an heiansdo einfach Loft schafen tëschent de Stécker. Et ginn hei Ambientsongs mat zaarte Gittarkläng wéi op “Dust beam”, éier dann den nächste Song “River Mouth” experimentellen 90s Rock ass, deen duerch verzerrt Gittar iwwerzeegt. 

An de Liner Notes schreift d’ML Buch, datt all d’Vocals um Album an engem Auto opgeholl goufen, wärend si op der dänescher Küst ënnerwee war. D’Gittar krut da scheinbar och an éischter méi ongewéinleche Plazen ee Re-Amping, dorënner ee Peugeot, eng Piscine an eng Sauna. Wourecht oder ee Clin d’oeil? Et bréngt op alle Fall den Improvisatiounsethos gutt op de Punkt, deen “Suntub” duerchzitt. Een Album, deen immens komplex, ganz subtil a reduzéiert zugläich kléngt. 

Besonnesch de leschte Song um Album, “Working it out”, resuméiert de Sound vum Disk ganz gutt: iergendwou tëschent dem Folk vun der Joni Mitchell an experimentellem Pop à la Tirzah oder Grouper. An grad doduerch onverkennbar ML Buch. 

Lauschterenplay_arrow