Si hat eng Bedruchsmasch gemellt kritt, bei där e Schued vun 32.000 Euro entstane war. D‘Police konnt de Verdächtegen identifizéieren, an huet eng Perquisitioun bei him Doheem an am Auto gemaach, dobäi goufe verdächteg Dokumenter an en Handy fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e koum de Moie virun den Untersuchungsriichter.
D‘Police erënnert drun, dass een ni op Smse soll agoen, déi Luxtrust-Date froen… wann een sou Linke geschéckt kréich soll een d‘Bank oder d‘Verwaltung direkt kontaktéieren.