Et handelt sech ëm eng Etüd, déi vun der Organisatioun Atmosfair mat Sëtz zu Berlin duerchgefouert gouf. Gemooss goufen CO2-Emissiounen am Verglach zum Gewiicht an zur Distanz, déi geflu gëtt, souwéi d‘Effizienz an d‘Auslaaschtung. Fir datt Gesellschafte mat kuerze Strecken net benodeelegt ginn, gouf e spezielle Facteur mat berechent.
Generell verpasst de Secteur vun der Aviatioun d‘Klimaziler, déi ee sech selwer gesat hat. 2023 huet sech d‘CO2-Effizienz par rapport zu 2019 nëmme liicht verbessert.
Verbesserunge kënnen deemno nëmmen duerch nohalteg Brennstoffer oder awer modern Turbinnen erreecht ginn.
De De Wolfdietrich Peiker, Spriecher vun Atmosfair, gëtt am 100,7-Intervie Erkläerungen, firwat dat esou ass: