Et handelt sech ëm eng Etüd, déi vun der Organisatioun Atmosfair mat Sëtz zu Berlin duerchgefouert gouf. Gemooss goufen CO2-Emissiounen am Verglach zum Gewiicht an zur Distanz, déi geflu gëtt, souwéi d‘Effizienz an d‘Auslaaschtung. Fir datt Gesellschafte mat kuerze Strecken net benodeelegt ginn, gouf e spezielle Facteur mat berechent.
Generell verpasst de Secteur vun der Aviatioun d‘Klimaziler, déi ee sech selwer gesat hat. 2023 huet sech d‘CO2-Effizienz par rapport zu 2019 nëmme liicht verbessert.
Verbesserunge kënnen deemno nëmmen duerch nohalteg Brennstoffer oder awer modern Turbinnen erreecht ginn.