Am 100,7-Interview huet de CEO vu Luxair, de Gilles Feith, reagéiert an Erklärunge ginn. Hie betount, datt et sech ëm eng reng Sécherheetsmoossnam handelt, déi “absolut normal” wier. Et kéim reegelméisseg zu sou Situatiounen.
"Dee Fliger huet kee Problem"
Kritik äussert hien am selwechten Otemzuch awer un der nationaler Press, déi e Problem géing héichspillen, dee guer keen ass.
"Just wat net normal ass, dat ass, datt dat hei zu Lëtzebuerg mëttlerweil ufänkt national Press ze ginn. Dee Fliger huet kee Problem. Dee Fliger, deen huet Dausende Sensoren an ee vun deene Sensoren huet eng Warnung ginn."
Well et nach e ganz neie Fliger ass wieren den Ament och Mecaniciene vun Embraer um Findel, fir nom Fliger ze kucken. Déi hätten dono kucke wëllen, esou de Gilles Feith.
Tëschefall hat näischt mat der Meteo ze dinn
De Luxair-CEO betount och nach eng Kéier, datt den Tëschefall näischt mat de Meteoskonditiounen ze dinn hat, a spillt dobäi op eng Nott vun der ANAC un, der brasilianescher ziviller Aviatiouns-Agence.
An enger Direktiv vun der brasilianescher ziviller Aviatiouns-Agence heescht et deemno: "Bei äisegem Niwwel, Temperature vu manner wéi 3 Grad, a manner wéi 110 Meter Visibilitéit, sollen d‘Embraer E195-E2 Fligeren net fléien. Dës Wiederkonditioune kéinten d’Motore vu Pratt & Whitney beaflossen, déi an den neie Fligere sinn. Déi kéinten u Schubkraaft verléieren, wat besonnesch beim Start zu engem Kontrollverloscht kéint féieren."
"Do steet dran, datt um Pratt & Whitney 1100, dat ass de Motor vum Airbus A220, dem Konkurrenzproduit zum Embraer, datt do ënner verschiddenen Ëmstänn ee Problem kéint ginn, dee Schubverloscht mécht. Mee mol net eng Engine ausmécht, wou awer nach guer kee Problem ass, well et sinn och nach zwee Motoren do."
Dee Problem wier op alle Motore vun deem Typ, dat heescht op der ganzer A320-Famill an A321-Famill, erkläert de Gilles Feith.
Problem bei Embraer manner pertinent
Doropshin hätt d’ANAC aus Virsiicht dës Nott och fir den Embraer E2 rausginn. Dat wier Gang und Gebe an der Aviatioun. Fir den E2 wier de Problem dann och manner pertinent.
“An dat ass och dat, wat meng Ingenieure mir confirméieren, datt de Problem vill manner kleng ass, well déi Motore vill manner Leeschtung musse bréngen, well de Fliger weesentlech méi liicht ass a weesentlech manner Schub brauch.”
De Problem ka bei ganz spezifesche Meteoskonditiounen optrieden. Dat, wann ënner 100 Meter den Niwwel gefréiert. Dat kéim zu Lëtzebuerg alt mol vir, esou de Gilles Feith. Geet den Niwwel a gefruerene Reen iwwer, da kéint souwisou kee Fliger starten.
Gilles Feith hëlt och Boeing a Schutz
Donieft hëlt de Gilles Feith en aneren Deel vun der Luxair-Flott a Schutz: Boeing.
"An ech wëll awer just soen, et gëtt ëmmer dann och vu Boeing geschwat, oft och negativ. Eis Boeing Fligeren hunn dee Problem net.”"
Fënnef weider Embraer-Fligere vun deem Typ sinn nach bestallt.