arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luef vum NATO-Generalsekretär: Trump géif "déi richteg Saache fir NATO maachen"

NATO

|
headphones

1 min

Luef vum NATO-Generalsekretär: Trump géif "déi richteg Saache fir NATO maachen"

Andeems den US-President Donald Trump d‘Member vun der NATO-Militärallianz géif encouragéiere fir méi fir d‘Defense auszeginn, géif hien déi richteg Saache maachen, esou de Mark Rutte.

headphones

1 min

© NATO
(Foto: NATO)

Op d'Fro, ob d‘NATO wéinst dem Donald Trump sengen Drohungen, fir Grönland wëllen ze annektéieren, an enger „interner Kris“ wier, ass de Mark Rutte net agaangen. Hie sot awer, datt d'Militärallianz un "nächst Schrëtt" géif schaffen, fir d'Sécherheet an der Arktis ze verstäerken. 

De Mark Rutte steet an der Kritik dem Donald Trump wëllen ze schmeechelen.

Dee fréieren dänesche Grönlandminister Tom Høyem huet den NATO-Generalsekretär um Méindeg de Moien am 100,7 Interview schaarf kritiséiert: de Mark Rutte géif sech verstoppen, wann et ëm dem Donald Trump seng Aussoen zu Grönland geet.