De Luc Heuschling ass der Meenung, datt eng Diskussioun iwwer d’Aart a Weis, wéi d’Uni geféiert gëtt, ugestouss muss ginn. Datt d’Gouvernance iwwerschafft misst ginn, huet hie schonn an engem Meenungsbäitrag am Wort zum Ausdrock bruecht.
Rezent Schlagzeilen hunn d'Faass zum Iwwerlafe bruecht
Et wier eng Fro iwwer d’Muecht, seet de Luc Heuschling am 100,7-Interview.
“Déi Kris, déi elo explodéiert wat d’Uni ugeet, huet verschidde Facetten an ass méi al.”
Den autokratesche Fonctionnement vun der Universitéit hätt bei ville Leit Demotivatioun, souguer Frustratioun ausgeléist, mengt den Droitsprofesser. Déi rezent negativ Schlagzeilen - ënner anerem zu de Mobbingvirwërf - hätte bei ville Leit elo d’Faass zum Iwwerlafe bruecht.
Wat déi aarbechtsrechtlech Fäll ugeet, wëllt a kann de Luc Heuschling awer näischt soen.
“Dat sinn individuell Fakten. Wann een näischt vun de Fakte kennt, soll een näischt soen.”
Annuléiert Recrutements-Prozedur
Konkreet gesäit de Luc Heuschling Problemer an der Droitsfakultéit. Aktiounen, déi illegal sinn an och scho vum Rekter ugeschwat goufen, wieren do virgefall.
Esou wier eng Recrutements-Prozedur vun engem Proff annuléiert ginn. Dat wier “net just e klengen Detail”, wéi de Luc Heuschling umierkt, mee eng grouss Entscheedung am Kader vun der Wëssenschaftspolitik, déi d’Uni féiere wëllt.
Dës Weidere wieren Entscheedunge geholl ginn, déi schlecht fir d’Land sinn. Dat och begrënnt duerch d’Struktur, wéi Decisioune getraff ginn.
Entscheedunge geholl, déi schlecht fir d'Land sinn
De Luc Heuschling nennt e praktescht Beispill. De Lëtzebuerger Staat huet schonn zënter Jore Problemer genuch Juristen ze rekrutéieren. Also wier et dem Luc Heuschling no och d’Aufgab vun der Uni, passend Juristen auszebilden. Op der uni.lu gëtt allerdéngs just e Master am Europäeschen Droit ugebueden.
Hie selwer hätt jorelaang un engem Projet geschafft, fir e Master am Lëtzebuergeschen Droit op d’Been ze stellen. Intern gouf dëse Projet vun den Droitsprofesseren och guttgeheescht. Um Enn huet d’Doyenne awer Nee gesot.
Fir d'Struktur ze änneren, muss d'Gesetz änneren
Un deem Beispill géing een de strukturelle Problem erkennen, betount de Luc Heuschling. Déi demokratesch Gremie si per Gesetz just do, fir ze assistéierten, net awer fir Initiativen ze ergräifen oder Kontrollen auszeüben. Revocatiounen an Nominatioune kommen och just “vun uewen”.
“Wann d’Struktur anescht wier, wiere verschidde Saachen aneschters gelaf. Déi Struktur ass fundamental am Gesetz verankert.”
De Luc Heuschling ass sech bewosst, datt eng Ännerung vum Gesetz net vun haut op muer geschéie kann. Hien an de Geschichtsproff Benoît Majerus wollten awer weisen, datt och d’Proffen intern kritesch denken. Vun den Aarbechtskolleegen hätt ee vill positive Feedback kritt. De Rekter hätt si fir eng Diskussioun dëse Freideg invitéiert.