arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tripartite den 12. Mee: Chamber muss net iwwer Entwécklungen an d'Bild gesat ginn

National

|
reading time

3 min

headphones

1 min

play_arrow

Tripartite den 12. Mee: Chamber muss net iwwer Entwécklungen an d'Bild gesat ginn

Den 12. Mee wäerten déi éischt Tripartite-Gespréicher tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat ofgehale ginn, dat sot de Premier Luc Frieden an der Chamber op Nofro hin. Deemno zwou Wochen éischter wéi ufanks annoncéiert.

reading time

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Luc Frieden (Archivfoto) | © Chambre des Députés
Luc Frieden (Archivfoto) (Foto: Chambre des Députés)

Nieft de Sozialpartner sollen ënner anerem och Experte vum Statec un dëser Dräierronn deelhuelen, esou de Luc Frieden. Dat fir iwwer d’Repercussioune vum Krich am Noen Oste virun allem op d’Energiepräisser ze schwätzen.

Den Index ass net a Fro gestallt

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet sech un d'Koalitiounspartner adresséiert a matgedeelt, datt ee sech Gedanke géif maachen, ëm wat et konkreet wäert goen. 

"Dir sot, et soll ëm d'Konsequenze vun der Energiekris goen. Anerer an der Majoritéit, an och d'ailleurs an de Regierungs-Ree schwätzen och vum Logement, d'Gewerkschaften natierlech iwwer sozial Froen, wéi de Mindestloun, a maachen sech, zu Recht oder zu Onrecht, dat wäert Dir eis dann och soen, Gedanken ëm den Index." 

Dat huet den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet direkt kloergestallt. 

"Ech kann Iech direkt d'Äntwert ginn, ouni dem Premier wëlle virzegräifen, dee wäert net a Fro gestallt ginn. Well och dat steet am Regierungsaccord dran."

D’LSAP, déi Lénk an déi gréng haten dann och eng Motioun gestallt, datt d’Chamber ënner anerem iwwer de Stand vun de lafende Verhandlunge misst an d’Bild gesat ginn. Dës Motioun gouf awer net zeréckbehalen.

Ordre du jour steet nach net fest

Iwwer den Ordre du Jour vun dëser Tripartite war an de leschten Deeg vill diskutéiert ginn. D’Gewerkschafte fuerderen d’Gespréich iwwer eng Hausse vum Mindestloun nees op den Dësch ze bréngen. D’Patronat huet keng Rout Linne gezunn. Op d’Fro vun der Oppositioun, wat d’Regierung um Ordre du Jour wëlle stoen huet, sot de Premier Luc Freiden.

“Et ass kloer, datt de Kontext deen ass vum Krich am Iran. Et ass de Kontext vun der Augmentatioun vun den Energiepräisser.” 

Op d’Fro vun der grénger Deputéierter Sam Tanson, ob de Logement wäert Theema ginn, huet de Luc Frieden haut an der Chamber keng konkreet Äntwert ginn. Säi Parteikolleeg, den CSV-Finanzminister Gilles Roth, hat ugedeit och iwwer de Logement schwätzen ze wëllen.

ADR géint eng Tripartite 

Den ADR-Deputéiert Fred Keup huet sech am Numm vu senger Partei iwwerdeems kloer géint eng Tripartite ausgeschwat.

"Dat heescht net, datt mir de Modell vun enger Tripartite allgemeng unzweiwelen. Et ass e gutt Instrument, wat schonn oft säin Notze gewisen huet. An zu Lëtzebuerg kënne mir och houfreg drop sinn. Mee esou en Instrument ass och just esou laang gutt, wéi et effektiv geziilt an och bei ganz grousse Krisen ugewannt gëtt." 

Luc Frieden: "Déi richteg Kris, déi riskéiert nach bevirzestoen"

Och verschidden Zukunftszenarie sollen duerchgespillt ginn. Et géif den Ament schonn eng Kris ginn, esou de Premier, déi richteg Krise géif awer riskéieren eréischt ze kommen.

Nieft der Tripartite ass an der Chamber och nach iwwer den elektronesche Vott via Internet diskutéiert ginn. Dëse soll ënner anerem fir Wieler:innen am Ausland en place gesat ginn an déi klassesch Bréifwal ergänzen. D’Motioun fir dëse Projet auszeschaffen ass mat 51 Jo-Stëmmen ugeholl ginn.

play_arrow Lauschteren