Als Optakt zur Weltklimakonferenz koume schonn e Freiden eng ganz Partie Staats- a Regierungscheffen zu Bélem a Brasilien zesummen.
Lëtzebuerg war bei deem Sommet net vertrueden.
De Premier Luc Frieden ass schonn zanter e Samschdeg an nach bis e Mëttwoch op Aarbechtsvisitt an den USA, ënner anerem zu Seattle an zu San Francisco.
Um Ordre du jour stinn engem Communiqué vun der Regierung no “Entrevuen um héijen Niveau a Visitte bei amerikaneschen Entreprisen”.
Luc Frieden: "Et kann een net iwwerall op der Welt zur gläicher Zäit sinn"
An éischter Linn géing et drëm, an engem “komplizéierte geopolitesche Kontext, déi wirtschaftlech Relatioune mat den USA ze stäerken an ze fleegen”, sot nom éischten Dag vun där Visitt de Luc Frieden an engem Online-Gespréich mat Vertrieder vun der Lëtzebuerger Press.
D’Datepolitik géif direkt a säi Kompetenzberäich falen an hie wielt grad an deem Beräich als Premier Zeeche setzen, sou den CSV-Politiker op d’Fro, firwat des Missioun Chef-Saach ass an de Premier de Choix gemaach huet, bei anere Rendez-Vousen, wéi der Weltklimakonferenz oder dem EU-Lateinamerika-Sommet um Niveau vu Staats- a Regierungscheffen net derbäi ze sinn.
"Et muss een sech opdeelen. Et kann een net iwwerall op der Welt zu gläicher Zäit sinn. Et sinn e bësse vill där Konferenzen. Mee à tour de rôle gi mer dann op déi eng an op déi aner Plaz."
Lëtzebuerg wier des Woch op der Klimakonferenz duerch den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden. Um EU-Latäinamerika-Sommet wier iwwerdeems den Aussen- an Handelsminister Xavier Bettel präsent, präziséiert de Luc Frieden.
Amazon: No zéng Joer war et un der Zäit, datt ee Premier de CEO gesäit
Um Programm vun der Rees vum Premier stinn ënner anerem Entrevuë mat Vertrieder vu Microsoft, Google, Nvidia a Boeing.
Beim Gespréich mam CEO vun Amazon soll d’Annonce vum Ofbau vu Plazen zur Sprooch kommen, sou de Luc Frieden. Säin Haaptmessage wier deen, datt “ech wëll, datt Amazon ee wichtegen Acteur zu Lëtzebuerg bleift”.
Mat iwwer 4000 Employéë wier et ee vun de wichtegste Patronen zu Lëtzebuerg. Zanter laangem wier kee Premierminister méi op Visitt an där Entreprise gewiescht. Dee leschte Besuch vum fréiere Premier Xavier Bettel wier ronn zéng Joer hir.
"An dofir hunn ech zesummen och mat de Kolleegen an der Regierung gesot, datt et wichteg ass, datt een do mol erëm laanscht geet. An de CEO gesäit. Dat ass, mengen ech, eng gutt Geleeënheet, fir ze soen, wat Lëtzebuerg offréiere kann. An selbstverständlech wäert ech en och froen, wat den Impakt op Lëtzebuerg ass vun deem, wat se do annoncéiert hunn."
Keng Konkret Resultater ze erwaarden
Um Programm steet och eng Visite beim Technologie-Konzern Google. D’Fro iwwert eventuell Pläng fir een Datenzenter zu Biisse, wiere “net den Haaptzweck vum Gespréich”, stellt de Luc Frieden kloer.
De Message vun dëser Regierung wier deen, datt “se zu Lëtzebuerg wëllkomm sinn an datt mer se op deem Wee wäerten ënnerstëtzen”.
Allerdéngs wier deen Dossier zënter Joren net weider komm. A Google hätt sech bis elo och net richteg an d’Kaarte kucke gelooss.
Konkret Resultater erwaart sech de Luc Frieden iwwerdeems keng vun dëser Aarbechtsvisitt.
Et wier keng Wirtschaftsmissioun, bäi där ee géing kucken, fir Investisseuren op Lëtzebuerg ze kréien, sou de Premier.
De But wier et, Kontakter ze fleegen.
"De But ass et net, hei iergendwellech Verträg ofzeschléissen. Dat ass net meng Aufgab. Meng Aufgab ass et, de Kader ze schafen, fir datt eist Land net ofgeschloss gëtt vun där Welt vu KI an Daten an zugläich, Entreprisen, wéi déi, déi mech hei begleeden, ze hëllefen, datt se déi Dieren opgemaach kréien."
De Premier gëtt begleet vun den CEO’e vun der Lëtzebuerger Post, vu Luxconnect a vu Proximus.