arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: EU brauch Bürokratie-Ofbau

ZUKUNFT VUN EUROPA

|
headphones

2 min

Luc Frieden: EU brauch Bürokratie-Ofbau

Fir virun ze kommen, mussen déi proposéiert Mesuren, fir d’Simplification administrative ëmgesat ginn, sou de Premier Luc Frieden am Europaparlament. Am Parlament sinn déi Mesuren ëmstridden.

headphones

2 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

D’Europäesch Unioun wier d’Stëmm vun de Wäerter Fräiheet, Demokratie a Rechtsstaat a muss sech weider an nees nei dozou bekennen. Dat sot de Luc Frieden de Moien am Europaparlament. 

De Lëtzebuerger Premier war invitéiert, fir seng Visioune fir d’Zukunft vun Europa duerzestellen.

Europa muss virukommen, sou den CSV-Politiker. D’Ukuerbele vun der Wirtschaft an d’Schafe vun Aarbechtsplaze misst eng Prioritéit sinn, dowéinst bräicht Europa een Ofbau vu Bürokratie an déi sougenannten “Omnibus”-Mesurë missten elo ëmgesat ginn.

"Die Umsetzung dauert zu lange. Die Omnibus-Vorschläge sind ein wichtiger, erster Schritt. Aber wir verlieren die gebotene Dringlichkeit und den nötigen Anspruch. Sie müssen jetzt schnell und umfassend umgesetzt werden. Und es braucht weitere Schritte. Bis Ende des Jahres braucht es einen klar definierten Zeitplan mit messbaren Meilensteinen – ähnlich wie beim Single European Act oder dem Einführen des Euros. Es benötigt ein unmissverständliches Signal – an uns selbst und die Außenwelt: Es gibt ein Umdenken in Europa."

Am Europaparlament gëtt den Ament iwwert déi Mesuren diskutéiert, mee d’Parlament ass sech doriwwer net eens. Kritik kënnt vun de Sozialisten, den Gréngen an deels vun de Liberalen. Si warne virun enger Dereguléierung, déi Ziler a Fro stellt, iwwert déi ee sech schonn eens gi war.

Applaus fir d’Bekenntnis zu Schengen

De Premier huet seng Ried an dräi Sprooche gehalen. Applaus gouf et ënner anerem fir d’Ausso, datt de Bannemaart vun der EU op oppene Grenze baséiert. Den CSV-Politiker huet Versteesdemech fir temporär Kontrollen op de Grenze gewisen, mee drop gepocht, datt dat keng laangfristeg Léisung ass.

An der Debatt iwwert d’Interventioun vum Luc Frieden hunn och verschidde Lëtzebuerger Europadeputéiert d’Wuert ergraff. Ënner anerem de Marc Angel vun der LSAP huet déi national Politik vum Luc Frieden kritiséiert a gesot, datt a sengen Aen doduerch de soziale Fridden a Fro gestallt gëtt.