Et wier gelongen, d’Problemer an engem "passende Sozialdialog" ze féieren, esou de Luc Frieden.
“Et war eist Zil, an dat hu mir erreecht, datt d'Leit un engem Dësch souzen, datt si matenee geschwat hunn, intensiv geschwat hunn, mee datt si geschwat hunn.“
Fir dëse Sozialdialog ze féieren, hätt awer ee Blockage missten eliminéiert ginn, huet de Premier an der Chamber erkläert.
“An duerfir huet d'Regierung eesäiteg annoncéiert, datt se (...) der Meenung ass, datt et kee Sënn géif maachen e Gesetzesprojet an dëser Chamber anzebréngen, deen d'Kollektivvertragswiese géif ofänneren. Duerfir hu mir confirméiert, (...) datt mir déi nationalrepresentativ Gewerkschaften als eenzeg Verhandlungspartner bei Kollektivvertragsverhandlungen ugesinn, an datt dat och an der Zukunft esou bleift.”
Hoffnung op weider Fortschrëtter
Och bei deenen aneren Theemen, bei deenen d’Vue vun de Sozialpartner zum Deel wäit ausernee leien, wier et d’Zil vun der Regierung “Brécken ze bauen” a Kompromësser ze proposéieren, huet de Regierungschef um Krautmaart ugekënnegt, an hien huet d’Beispill vun de Pensiounsdiskussioune genannt.
“Mee mir hunn zugläich gesot, datt mir bereet sinn, déi Propositioun ze beräicheren, mat Propositiounen, déi vun de Sozialpartner kommen.“
De Luc Frieden hofft beim Theema Pensiounsreform och an den nächsten Deeg oder Woche Fortschrëtter kënnen ze maachen.
De Premier huet ugekënnegt, datt d’Froe vun der Organisatioun vun der Aarbechtszäit am “Comité permanent du travail et de l’emploi” (CPTE) solle gefouert ginn. D’Sozialpartner hätten dat um Mëttwoch akzeptéiert.
“A fir datt dat och op eng gutt Aart a Weis virugeet, (...) hu mir ofgemaach zu dräi, op eis Suggestioun hin, datt ronderëm Enn Oktober d'Sozialpartner sech géife mat der Regierung nach eng Kéier treffen, fir ze kucke wat d'Konklusiounen dann op deenen eenzelne Sujeten am CPTE sinn.”
Kriticke vun der Oppositioun
D’Oppositiounsparteien an der Chamber ware méi kritesch vis-à-vis vun der Regierung, well si zur Eskalatioun bäigedroen hätt.
Souwuel d’LSAP, wéi och déi Gréng, an déi Lénk hunn der Regierung reprochéiert, de Sozialmodell attackéiert ze hunn. Dat well d’Gewerkschaften net matagebonne gi wieren, bei den Dossiere Kollektivverträg, Sonndesaarbecht, Ëffnungszäiten an de Geschäfter, oder nach der Pensiounsreform.
Villes wier och nach onkloer, huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson kritiséiert.
“Mir begréissen de Fortschrëtt, mir bedaueren déi verlueren Zäit a mir bedaueren déi grouss Rëss, déi et elo trotz allem an de Vertrauensrelatiounen tëscht de Partner gëtt, well d'Kou ass net vum Äis. Dat Eenzegt, wat bis elo kloer ass, Dir maacht eppes net. Wat der elo maacht bei de Pensiounen, der Sonndesaarbecht, dem Mindestloun, dat ass Stand haut absolutt onkloer.”
Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet d’Fro opgeworf, wéi eng Positioun d’DP vertrueden huet.
“Déi huet nogekuckt, wéi et mam Sozialdialog d’Baach erof gaangen ass. Déi hu schéin de Mond gehalen an alles matgedroen. Tëschenzäitlech hu se sech de soziale Mäntelchen ugedoen. Si gesi sech als e soziale Part an dëser Regierung. A mat allem Respekt, wann d'DP bis de soziale Part an enger Regierung ass, da géif ech mir als CSV awer wierklech Froe stellen.”
Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet an der Chamber kritiséiert, datt d’Gewerkschafte laang Zäit net mat agebonne gewiescht wieren. 20 Méint hätt d’Regierung gebraucht, bis d’Leit hätte missten op d’Strooss goen.
D’ADR hirersäits fuerdert a Punkto Rentereform, datt séier eng Decisioun getraff gëtt, soss géif deen Dossier verschleeft ginn.