Famillen géifen a stänneger Angscht liewen, Aarbechter:innen géifen vun hirer Aarbechtsplaz matgeholl ginn, esou eng Responsabel vun der Stad Los Angeles. Aus Angscht géife ganz vill Migranten net méi schaffe goen. Mat der Noutstandsdeklaratioun kéinten déi Betraffe gehollef kréien a géifen och geschützt ginn.
Los Angeles huet ronn 10 Milliounen Awunner:innen dovun iwwer 3 Milliounen Immigranten.