Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - From Top To Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Los Angeles: Haut um Dënschdeg gëtt nees mat héije Wandvitesse gerechent

Héchst Alarmbereetschaft

Los Angeles: Haut um Dënschdeg gëtt nees mat héije Wandvitesse gerechent

Bei de Bëschbränn zu Los Angeles sinn d‘Pompjeeën an Awunner weider an héchster Alarmbereetschaft. Vun haut un ass nees staarke Wand gemellt, mat Vitesse bis zu 110 Kilometer an der Stonn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Dräi Bränn si nach ëmmer aktiv, dorënner dat gréisst Feier, Palisades, wat nëmmen zu 14 Prozent agedämmt ass. D‘Autoritéite vu Los Angeles soten, et wiere maximal Preparatioun geholl gi fir ze verhënneren, datt d‘Feier sech duerch de Wand weider ausbreeden.

De Bilan vun den Affer läit bei op d‘mannst 24 Doudegen. 23 Leit ginn nach vermësst.