Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ London: Treffe vun der Koalitioun vun de Wëllegen

Garantië fir d‘Ukrain

London: Treffe vun der Koalitioun vun de Wëllegen

Zu London gesi sech haut d‘Militärvertrieder:inne vun engen 30 Staaten. Et geet ëm Garantië fir d‘Ukrain wann et zu engem Waffestëllstand sollt kommen.

auto_stories

1 min

© Kevin Hackert / Flickr
(Foto: Kevin Hackert / Flickr)

Déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen zu deene Frankräich, Italien, Däitschland ma och Australien, Kanada an d‘Tierkei gehéieren, wëll ënner anerem iwwer Friddenstruppe schwätzen. Frankräich a Groussbritannien wëllen dobäi d‘USA mat abezéien.

Dem brittesche Premier no wier eng grouss Zuel u Staate bereet Truppen ze stellen. Rieds geet vu bis zu 30.000 Zaldoten. Soss Detailer sinn awer nach net bekannt.