An deem Reportage gouf gemellt, datt op d'mannst 3 US-Amerikaner a Grönland Lobbyaarbecht fir den Donald Trump géife maachen.
Den US-amerikanesche President hat jo, nodeems hie gewielt gi war, e puer Mol gesot, datt hie Grönland wéilt aus Sécherheetsgrënn annexéieren.
Kopenhagen refuséiert, déi autonom Insel, déi zu Dänemark gehéiert, hierzeginn.
Schonn Enn Mäerz war et zu engem diplomateschen Incident komm, wéi den amerikanesche Vize-President JD Vance eng Visitt a Grönland geplangt hat, obwuel hien net invitéiert war.