Radioen

On air

Moiesstudio  |  Burna Boy - Last Last

play_arrow Live
search

/ Lobby-Aarbecht vun ONGen op europäeschen Niveau ass ausdrécklech erlaabt

Europäeschen Ëmweltbüro

Lobby-Aarbecht vun ONGen op europäeschen Niveau ass ausdrécklech erlaabt

D'ONGen hu sech näischt virzewerfen an et ass och net verbueden, datt si Entrevuë mat Vertrieder:inne vun EU-Institutiounen hunn. Dat ass d’Äntwert vum Europäeschen Ëmweltbüro op de Rapport vun der Cours des Comptes vun e Méindeg. Den Europäesche Rechnungshaff war zum Schluss komm, datt de Finanzement vun der EU vun ONGen net transparent genuch ass.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© European Parliament play_arrow
(Foto: European Parliament)

D’Cours des Comptes stellt effektiv an hirem Rapport kee falscht Behuelen op der Säit vun den ONGe fest, sou den zefriddene Constat vun der Gabriella Civio vun "Civil Society Europe" den Dënschdegmëtteg op enger Pressekonferenz.

"De Rapport weist, datt et keng Beweiser fir Irregularitéiten oder de Mëssbrauch vun EU-Suen duerch ONGe gëtt."

Vertrieder:inne vu rietsen a konservative Parteie wéi der Europäescher Vollekspartei erhiewen awer zënter Méint de Virworf fir esou ee Mëssbrauch. Si gesinn de Rapport als Confirmatioun fir hir Kritik.

D’Kommissioun huet dorop reagéiert an déi lescht Woch an engem Statement den Uerder ginn, ONGe sollten effektiv keng onberechtegt Lobby-Aarbecht bei EU-Institutiounen am Kader vun hire Kontrakter maachen.

Zoustänneg EU Kommissärin wëll sech net positionéieren

"Hutt dir een Deal mat der EVP?", huet an enger Reunioun am Europaparlament ënner anerem den Europadeputéierte Christophe Clergeau déi zoustänneg EU-Kommissärin gefrot. De franséische Sozialist wollt och wëssen, wat de Begrëff "undue lobbying activities", deen am Rapport virkënnt, op sech huet. D'EU-Kommissärin fir Ëmwelt, Jessika Roswall, wollt dorop net äntweren. Si preziséiert just, datt d’Kommissioun Bedenken aus dem Wee raume wollt. 

"ONGe sinn ee wichtegen Deel vun eiser Demokratie, si verdéngen eise Support. Ech hunn dacks Entrevuë mat hinnen. Dat ass och hiren Job."

"Et ass Deel vun eisem Mandat"

D’Instruktioune vun der Kommissioun wieren éischter vage. Dat stellen iwwerdeems d’Vertriederinne vun ONGen, ewéi d’Patrizia Heidegger vum Europäeschen Ëmweltbüro fest. Un der Praxis hätten si bis elo näischt geännert.

"Et ass Deel vun eisem Mandat, eis Interêten hei bei deenen, déi Politik maachen, ze vertrieden."

Deeler vum Parlament wëllen Enquêtëkommissioun

D’ONGen awer musse sech trotz deem drop astellen, datt d’Diskussioune viru ginn. Deeler vum Parlament hu wëlles eng Enquêtëkommissioun op d’Been ze stellen.

Bis Enn des Mounts wäert wuel feststoen, ob dat vu genuch Parteie matgedroe gëtt

Lauschterenplay_arrow