arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liz Braz: Ass de Georges Mischo nach drobar?

Sportsmusée

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Liz Braz: Ass de Georges Mischo nach drobar?

D'LSAP-Deputéiert Liz Braz  huet am Kader vum geplangte Sportsmusée "Rout Lëns" eng Question parlementaire urgente gestallt a wërft d'Fro op, ob den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo a senger Funktioun nach drobar ass.

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow
Liz Braz  | © 100,7
Liz Braz (Foto: 100,7)

Wéi et an engem Artikel vu reporter.lu heescht, ass de Sportminister Georges Mischo ënner Drock, well hien de Projet net ëffentlech ausgeschriwwen hat. Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet sengem Parteikolleeg Georges Mischo säi Projet dowéinst op Äis geluecht, wéi Reporter schreift. 

D’Liz Braz hat den CSV-Sportminister Georges Mischo schonn an enger Chamberkommissioun d’lescht Woch drop ugeschwat, a gefrot, firwat et fir de Projet vu ronn 28 Milliounen Euro net zu engem Appel à candidature komm ass. De Georges Mischo hat d'Virwërf zréckgewisen.

D'Saach net schéi schwätzen

D’LSAP Deputéiert mengt de Sportminister géif probéieren d’Saach schéin ze schwätzen. Hien hätt awer och zouginn, datt de Projet misst gepréift ginn. 

"Hie seet, datt et an d'Budgetskontrollkommissioun kënnt. Dat ass effektiv, mengen Informatiounen, no e Méindeg elo de Stand."

Op d’Fro, datt et schonn ee remarkabele Virgang ass, datt de Gilles Roth sengem Parteikolleeg säin Häerzensprojet, wéi de Georges Mischo de geplangte Sportmusée selwer genannt huet, elo gestoppt hätt, sot d’LSAP Deputéiert Liz Braz, si wier selwer iwwerrascht, wéi drastesch de Finanzminister hei elo reagéiert huet.

Et géif awer och beweisen, firwat si schonn zënter 12 Méint un dësem Dossier schafft, seet d’Liz Braz. Bei dësem Dossier wiere frappant Irregularitéiten.

"Do huet de Georges Mischo sech ze wäit aus der Fënster gehäit, fir de Staat finanziell ze engagéieren. A mir schwätzen hei awer net méi vu klenge Montanten."

Mat TVA wäert de Projet iwwer 30 Millioune Euro kaschten. Den CSV-Sportminister Georges Mischo hat argumentéiert, datt wéinst dem Site "Rout Lëns" zu Esch, op deen de Musée komme soll, eng ëffentlech Ausschreiwung net néideg gewiescht wier. 

Der Immobiliefirma IKO gehéiert de Site 

Déi al Turbinnenhalen um Industriebrooch "Rout Lëns“ an och d'Terraine gehéieren der Immobiliefirma IKO, déi mam Projet beoptraagt ginn ass.

An dem Protocole d’accord, deen tëschent dem Sportsministère an der Firma IKO ënnerschreiwe ginn ass, géif dra stoen, datt IKO géif d’Exklusivitéit um Projet kréien. Dat wier wat d’Liz Braz géif interpelléieren. 

"Et ass enplus scho Riets ganz konkret vun engem Musée. Dobäi ass et iwwerhaapt net um Sportminister oder soss engem Minister ausser eeben dem Finanzminister fir iwwerhaapt Gebaier ze kafen. A scho guer net fäerdeg Projeten."

Et géife souwuel national wéi och europäesch Gesetzer ginn, fir eeben eng fair Konkurrenz um ëffentleche Marché ze garantéieren. Keng vun deene Prozedure wieren hei respektéiert ginn, esou d’LSAP-Deputéiert Liz Braz.   

Mischo an senger Funktioun iwwerdenken

Fir si muss et elo eng ëffentlech Ausschreiwung ginn, an wann de Promoteur IKO de beschte Projet virleet, dann hätt d’Liz Braz och näischt dogéint, datt de Sportsmusée op de Site “Rout Lëns” zu Esch kënnt. 

Nächste Méindeg soll an der Chamber iwwer dëse Projet diskutéiert ginn, esou nach d’Liz Braz.

D’Regierung wier gutt beroden, den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo a senger Funktioun ze iwwerdenken.

play_arrow Lauschteren