D'Demissioun vum Premier féiert automatesch zum Récktrëtt vun der ganzer Regierung am balteschen EU- an NATO-Memberstaat.
De Récktrëtt koum no ëffentleche Protester, wéinst Ermëttlungen zum Premier senge Geschäftsrelatiounen an Interessekonflikter.
De 45 Joer ale Sozialdemokrat huet all Feelverhalen zréckgewisen, a schwätzt vu bewossten Attacke vu politesche Géigner.
Finanzminister Sadzius iwwerhëlt d'Leedung vun Iwwergangsregierung
De President Gitanas Nauseda huet de Finanzminister Sadzius den Optrag ginn d'Regierungsgeschäfter weider ze féiere bis eng nei Regierung steet. De Staatschef Nauseda huet elo 15 Deeg Zäit, dem Parlament en néie Kandidat fir de Poste vum Regierungschef ze proposéieren.
Déi Sozialdemokratescher Partei stellt déi stäerkste Kraaft am Parlament zu Vilnius duer. De Gintautas Paluckas war och als Parteichef demissionéiert. D'Partei well de Mëttwoch en néie Kandidat fir seng Nofolleg bestëmmen.