arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liicht Baisse: Inflatioun am Oktober bei 2,1 Prozent

Eurozon

|
headphones

1 min

Liicht Baisse: Inflatioun am Oktober bei 2,1 Prozent

D‘Inflatioun an der Eurozon ass am Oktober zréckgaangen. Enger éischter Estimatioun vum EU-Statistikamt Eurostat no louch d‘Inflatioun am Oktober bei 2,1 Prozent. Liicht manner wéi am September, wou den Taux bei 2,2 Prozent louch.

headphones

1 min

Suen Geldstécker Euro | © Bigstock / weyo
Suen Geldstécker Euro (Foto: Bigstock / weyo)

Dës weider Baisse war vun den Experten erwaart ginn. D‘Inflatioun beweegt sech domat nach méi no un der Europäescher Zentralbank hiert Zil vun 2 Prozent. Bei deem Inflatiouns-Taux gesäit d‘EZB hir wichtegst Aufgab, fir stabil Präisser ze suergen, als erfëllt.