Liewenslänglech Prisong fir Mann deen zejoert bei Tréier seng Ex-Frendin erschoss hat
De Mann, deen d‘lescht Joer am Juni seng heemlech ex-Frëndin op engem Parking bei Hermeskeil an Däitschland erschoss hat, huet um Mëttwoch de Moien um Landgeriicht Tréier liewenslaange Prisong kritt.
De 35 Joer ale Mann hat mat senger Frëndin iwwer Telefon Schluss gemaach. Déi huet gedrot, déi geheim Affär opfléien ze loossen, an doropshin hat de Mann hir Rendez-Vous op deem Parking ginn an huet si do erschoss.