Zwou Wochen nom Ufank vum Krich am Iran ginn d’Präisser fir Pëtrol a Gas weider an d’Luucht. Wéi soll d’Europäesch dorop reagéieren?
Doriwwer hunn um Méindeg zu Bréissel d’Energieministeren aus de 27 Memberlänner vun der Europäescher Unioun beroden.
D’Reunioun ass och eng Virbereedung op den europäesche Sommet, en Donneschdeg kommen d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 Länner zesummen.
Präishaussen, och ouni Enkpass
An der Europäescher Unioun gëtt et kee Probleem vum Approvisionnement vu Pëtrol, ma ee vum Präis. Dat war den allgemenge Constat vun den EU-Energieminister:innen zu Bréissel.
Jidderee wéilt d’Präisser erofkréien, den EU-Kommissär fir d’Energie, den Dan Jorgensen sot, et misst een awer och zouginn, datt een en vue dovun net genuch ënnerholl huet, fir dofir ze suergen, datt d’EU-Länner besser vernetzt sinn.
Dernieft misst de Plang, duerch erneierbar Energië méi onofhängeg ze ginn, weider virugedriwwe ginn.
Konkret hat d’Kommissiounspresidentin verschidde Mesurë genannt, déi esou net ouni Weideres fir Lëtzebuerg applikabel sinn, dat seet den DP-Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles.
Besteierung erofsetzen, gräift zu Lëtzebuerg net, sou de Lex Delles
D’Besteierung vun Energie erofzesetzen, zum Beispill, géif zu Lëtzebuerg nëmme begrenzt eppes bréngen.
"Mir sinn op deem niddregen, op engem ganz niddregen Taux bei der TVA. Et gëtt nach e Moyen, fir déi 3 Prozent nach eng Kéier erofzesetzen. Dat hu mer awer am Moment net an d'A gefaasst, well mer all déi aner Saachen en place hunn. An et sinn net déi 3 Prozent, déi déi grouss Differenz maachen."
Ugeduecht ass och, de Wiessel vum Stroumliwwerant fir Clientë just nach all 24 Stonne méiglech ze maachen. Och do wier den Impakt am Grand Duché net grouss, sou de Lex Delles.
"Mir hunn och keng ganz grouss Differenzen an de Präisser bei de Fournisseuren zu Lëtzebuerg, sou datt dat och fir de Lëtzebuerger Modell keng Solutioun ass."
Pëtrols-Reserven: D’EU-Länner reagéieren ënnerschiddlech
Den DP-Minister hat sech am Virfeld vun der Reunioun dofir ausgeschwat, datt sech d’EU-Länner, wat den Ëmgank mat Pëtrolsreserven ugeet, ënnerenee géife koordinéieren.
Eng europäesch Approche huet sech do awer haut net ofgezeechent, gëtt de Minister zou.
"Bei de Reserven hei huet ee gesinn, datt verschidde Länner op de Gesamttonnage ginn, dee vun der IEA gefrot ginn ass. Anerer maache guer näischt. Mir maachen e klengen Deel. Do gëtt et verschidde Lektüren dovun, wéi een dat soll maachen."
Entretemps hu verschidde Länner scho Mesurë geholl. A Frankräich huet d’Energie-Entreprise Total annoncéiert, een Deckel fir de Bensinnspräis anzeféieren. Griicheland, Kroatien an Ungarn iwwerlee änlech Mesuren.