arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Letzshop: Manner Ëmsaz wéi wärend Corona, mee den Trend weist nees no uewen

Onlinehandel

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Letzshop: Manner Ëmsaz wéi wärend Corona, mee den Trend weist nees no uewen

D'Lëtzebuerger Onlinehandel-Plattform Letzshop kann net méi un d'Zuele vu wärend der Coronapandemie uknäppen. De Philippe Herremans, Coordinateur vum Gruppement, dee Letzshop gegrënnt huet, seet, datt ee sech fir dëst Joer awer eng Hausse vu 25 Prozent vum Ëmsaz erwaart: Den Trend weist no uewen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zum aktuellen Zäitpunkt wier ee mat der Situatioun vu Letzshop zefridden. An Zukunft wéilt een awer probéieren, nach méi lëtzebuergesch Händler a Produiten op der nationaler Onlinehandel-Plattform unzebidden, well d'Nofro no méi Varietéit géif bestoen, erkläert de Philippe Herremans.

"Dat ass natierlech bei eis den Challenge, well mir si jo dann awer trotzdeem e bëssen en Concurrence mat deene groussen internationale Plattformen, déi natierlech do vill méi kënnen ubidde wéi mir. Mee awer mir gesinn, datt dat awer fonctionéiert, an de Slogan 'Kaf Lokal', datt deen och gutt fonctionéiert, a vläicht am Moment souguer besser fonctionéiert nach wéi virun engem oder zwee Joer, wéinst dem einfach internationalen Evenementer an esou weider."

Lokal Alternative leien am Trend

Ënner anerem international Konflikter an Onsécherheete géifen a sengen Aen ëmmer méi Leit dozou brénge fir sech no lokalen Alternativen ëmzekucken.

"Et dierf een och net naiv sinn, wann een elo kuckt, déi Plattforme wéi Temu Company, déi immens aggressiv sinn um Präis. Do ass natierlech eppes, wou Letzshop natierlech net ka mathalen. Mee dat ass awer och net eppes, wat mir onbedéngt wëllen. Ech mengen, mir sinn eis och bewosst, mir sinn eng Niche Place de marché, a mir wäerten dat och bleiwen."

Fir dëst Joer rechent de Philippe Herremans domat, datt een 1,3 Millioune Visiteuren um Site wäert zielen. 2021 waren dat der nach 2 Milliounen. Et géif awer e positiven Trend ginn, deen och déi nächst Jore soll unhalen.

"Eist Zil ass, fir awer trotzdeem do nach weider staark déi nächste Joren ze wuessen. Mir sinn nach net op deem Niveau, wou mir kënne soen, mir hunn dat erreecht, wat mir wollten. Mir mussen nach vill maachen. A mir gesinn, datt dat awer gutt fonctionéiert an d'Leit ëmmer méi och interesséiert si fir lokal Alternativen ze fannen am Onlinehandel."

Letzshop war 2018 an enger Zesummenaarbecht vum Wirtschaftsministère a verschiddene Partner aus dem ëffentleche Secteur gegrënnt ginn a verkeeft haut iwwer 400.000 Produite vu méi wéi 400 Händler.

play_arrow Lauschteren