search

/ Krich, Cybermenacen oder Finanzkrisen - Regierung plangt praktesch Recommandatiounen

ILRES-Etüd

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Krich, Cybermenacen oder Finanzkrisen - Regierung plangt praktesch Recommandatiounen

Den Haut-Commissariat à la protection nationale hat eng Etüd bei ILRES iwwer d'Perceptioun vu Risiken a Menacen an Optrag ginn. Ronn 1.500 Leit goufen dozou befrot.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Bei der Presentatioun vun de Resultater vun dëser Etüd waren de Premier Luc Frieden, d'Verteidegungsministesch Yuriko Backes an den Inneminister Léon Gloden. 

D’Lëtzebuerger Bevëlkerung wier sech de Risike bewosst, mee wier dacks nach net genuch op Krisesituatioune preparéiert, huet et geheescht.

Resilienz als eng "gemeinsam Aufgab"

85 Prozent vun de befrote Leit hunn uginn, sech reegelméisseg ze informéieren. Bal d’Hallschent wéisst awer net, wéi een an enger Kris ze reagéieren hätt, sot den CSV-Premier Luc Frieden.

"Mir hätte gären, datt mir e Staat, dee schützt, behalen. Mee datt och jiddereen zu där gemeinsamer Resilienz säi Bäitrag ka leeschten. An duerfir musse mir d'Leit adequat informéieren. Fir datt d'ganz Gesellschaft prett ass, datt jee no deem wat geschitt, de Staat, d'Land, d'Leit hiert Liewe kënne weiderféieren. Dat muss eis gemeinsam Aufgab sinn."

D’ILRES-Etüd gouf am Kader vun der Stratégie nationale de résilience duerchgeféiert. Si soll hëllefen d’Leit an Zukunft besser op eng Kris virzebereeden an iwwer dat gëeegent Verhalen ze informéieren.

Méigleche Krich gëtt als Gefor gesinn

Déi Risiken, deenen d'Leit sech am meeschten ausgesat fillen, si virop eng Wirtschafts- a Finanzkris. Dräivéierel vun den 1.500 Befrote gesinn dat esou. 

Duerno komme Cybermenacen, Liwwerenkpäss, eng sanitär Kris an déi extreem Wiederkonditiounen. Iwwer 60 Prozent vun de Befrote maache sech doriwwer Suergen. 

Dobäi kënnt, datt ronn 41 Prozent ee Krich fir warscheinlech halen. Fir d'Verteidegungsministesch Yuriko Backes ass dat "relativ vill". Weider sot si, et géifen zwar ëmmer nees Menacë ginn, mee dat géif net heeschen, datt eng Gefor bestoe géif. 

Praktesch Recommandatiounen

D'Regierung huet iwwerdeems ugekënnegt, datt fir d'Rentrée ee Guide geplangt ass mat praktesche Recommandatiounen, fir d'Leit wéi si doheem solle reagéieren.

Beispillsweis soll een doheem ee Radio mat Batterien hunn. Och vun engem Stock vun Iessen a Gedrénks war rieds. D'Iddi ass, datt een doheem esou agedeckt ass, datt ee kéint 72 Stonnen iwwerliewen ouni d'Wunneng ze verloossen. 

Lauschtert hei d'Erklärungen zu der Etüd

play_arrow Lauschteren