arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger am Wattemier hänke bliwwen

Ostfriesland

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger am Wattemier hänke bliwwen

En 63 Joer ale Mann aus Lëtzebuerg ass um Freideg an Ostfriesland am Wattemier a Liewensgefor geroden. Dat mellen däitsch Medien

headphones

1 min

© picture alliance / pressefoto Mika Volkmann | Mika Volkmann
(Foto: picture alliance / pressefoto Mika Volkmann | Mika Volkmann)

Hien war am Schlick, also der Mëschung aus Bulli a Sand, déi typesch ass fir d'Wattemier, bis un d‘Hëften agaangen. Eleng ass hien net méi erauskomm. D'Rettungskräft misste mam Helikopter kommen, fir de Mann erauszehuelen.

Allerdéngs huet et zwou Stonne gedauert, éier hie konnt gerett ginn. Hie gouf ënnerkillt an d'Spidol bruecht.