Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Slaps - Fool

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Politiker si schockéiert vun de Walresultater a Sachsen an Thüringen

Lëtzebuerger Reaktiounen

Lëtzebuerger Politiker si schockéiert vun de Walresultater a Sachsen an Thüringen

No de Landtagswalen de Sonndeg an de béiden däitsche Bundeslänner Sachsen an Thüringen weist de Gusty Graas sech “erféiert” iwwert d’Resultater. Dat huet de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun an DP-Deputéierten am 100,7-Interview däitlech gemaach. Bei béide Walen huet déi rietsextremistesch AfD jo iwwer 30 Prozent vun de Stëmme kritt.

auto_stories

2 min

Walen Sachen an Thüringen | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

An Thüringe gouf eng éischte Kéier an der däitscher Nokrichsgeschicht eng rietsextremistesch Partei déi stäerkste Kraaft. D’AfD kënnt do op 32,8 Prozent. A Sachse koum d’AfD als zweestäerkst Partei op 30,6 Prozent vun de Stëmmen.

"Dat wat an deenen zwee Länner do virgefall ass, dat ass extrem dramatesch", Seet den DP-Politiker Gusty Graas.

Yves Cruchten: De Leit hir Veronsécherung huelen

Déi Walresultater an Däitschland sollten eis alarméieren, esou och den LSAP-Deputéierten a Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Yves Cruchten. Et misst een elo de Leit hir Veronsécherung huelen a sech dann op eng Politik konzentréieren "déi de Mënschen och ze gutt kënnt".

A Sachsen an an Thüringen dierften et elo komplizéiert Gespréicher fir d’Formation vun enger neier Regierung ginn, analyséiert de Gusty Graas.

"D’CDU muss ganz kloer erkennen, datt si op kee Fall kann elo no riets ofdriften a mengen duerch eng méi riets Politik kéint si vläicht Wieler vun der AfD zeréck kréien."

Och d'Ampelkoalitioun dréit een Deel vun der Responsabilitéit

De Gusty Graas mengt awer och fest, datt d’Dräierkoalitioun zu Berlin net ganz onschëlleg un der Entwécklung wier. Den DP-Politiker geet och dovun aus, datt d'Ampelkoalitiounn an den nächste Méint nach weider Probleemer wäert kréien.

"Ob si et nach packt bis dat nächst Joer, dat steet nach an de Stären."

Den Yves Cruchten erënnert dorun, datt déi däitsch Regierung vun SPD, FDP a Gréngen nach fir ee ganzt Joer gewielt ass.

"Et géif de Regierungsparteien och gutt doen, wa si mol géife manner streiden."

Am Prinzip soll a gutt engem Joer, den 28. September 2025 een neien däitsche Bundestag gewielt ginn.

Lauschterenplay_arrow