Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Flüchtlingsrot begréisst d'Positioun vun déi gréng an déi Lénk

Migratiounspolitik

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot begréisst d'Positioun vun déi gréng an déi Lénk

Migratioun wier keen Haaptsujet fir d’Parteie bei den Europawalen. Déi Feststellung huet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot am Virfeld vun den Europawale gemaach. De Flüchtlingsrot huet gläichzäiteg awer och eege Fuerderunge presentéiert.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Ana Angel

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot verlaangt, datt d’Situatioun vun all Demandeur d’asile individuell evaluéiert gëtt - trotz dem neien EU-Asyl- a Migratiounspak. Dat ass eng vun de Fuerderungen déi den LFR op enger Pressekonferenz presentéiert huet. Den neie Migratiounspak gesäit ënnert anerem vir, datt d’Asyldemandeure schonn op den EU-Baussegrenzen a sougenannte sécher Hierkonftslänner bruecht ginn.

Problem, datt Länner sech fräi kafe kënnen

Mat dëser Reegelung géif ee riskéieren, datt den eigentleche Grond, wisou d’Leit aus hirem Hierkonftsland geflücht sinn, net méi vu Bedeitung wier, an si domat zréck an eng onsécher Situatioun geschéckt géife ginn, bedaueren d’Vertrieder vum LFR.

Weider betount de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, dass de Solidaritéitsmechanismus vum neien EU-Migratiounspak net derzou géif féieren, datt méi Länner Responsabilitéit géifen iwwerhuelen. Dee gesäit nämlech fir, datt déi Länner, déi keng Refugiéë wëllen ophuelen, sech fräi kafe kennen. Domat géif d‘Laascht awer op deene Länner leien, bei deene Leit déi geflücht sinn als éischt ukoumen, bedauert de Sergio Ferreira, Direkter vun der ASTI a Vertrieder vum LFR.

„D‘Festung Europa“

Si als ONGe wéilte méi gehéiert ginn. Si wieren déi, déi um Terrain schaffen an déi géife wësse wéi d’Realitéit ass. Eng Realitéit wier, datt Dausende vu Mënschen am Mëttelmier erdrénken, erënnert de Sergio Ferreira.

„An dat sollt eis als Mënschheet interpelléieren. An et ass kloer, dass dëse Pakt dat weiderbréngt a souguer renforcéiert. D’Logik vun der Europe forteresse.“

Dat wier dee Risiko deen den LFR géif bei den Europawale gesinn: Datt méi Parteien, déi d’Festung Europa wëllen, un d’Muecht kommen.

Migratioun keng Prioritéit fir Lëtzebuerger Parteien

D’Thema Migratioun wier fir déi Lëtzebuerger Parteie keng Prioritéit, schätzt de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Si haten all Partei, déi am Mäerz fir d’Europawalen den 9. Juni opgestallt war, e Froebou zoukomme gelooss. Just 6 hätten sech d’Méi gemaach, de ganze Froebou ze beäntweren: ouni Iwwerraschung hätt d’ADR bei all den Themen d’Géigepositioun vum LFR.

D’DP géif zwar op ville Punkte betounen, datt et nach vill Handlungsbedarf beim Thema Migratioun op europäeschem Niveau géif ginn, si hätten de Migratiounspak awer matgedroen. Déi gréng an déi Lénk géifen op deene meeschte Punkte mam LFR iwwertenee stëmmen an och mat Volt an de Pirate géifen et gemeinsam Positioune ginn, esou nach den LFR.

D’CSV hätt op de Froebou vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot just geäntwert, datt ee géif hannert dem Migratiounspak stoen, an d’LSAP hätt ee schrëftlecht Statement ofginn, andeem se sech zwar fir de Migratiounspak ausschwätzt, awer e puer Kriticken dorun äussert, esou nach den LFR.

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot huet iwwerdeems keng Walrecommandatioun wollten ofginn.