D'Konferenz gëtt vu Saudi-Arabien a Frankräich co-presidéiert. Op der Konferenz soll de Prozess fir eng Zweestaateléisung, also d'Co-Existenz vun Israel an engem palästinensesche Staat, relancéiert ginn, esou e Communiqué vum Lëtzebuerger Ausseministère.
D'lescht Woch hat de franséische President Emmanuel Macron jo d'Unerkennung vu Frankräich vun engem palästinensesche Staat annoncéiert. De Xavier Bettel hat op eis Nofro hi preziséiert, Lëtzebuerg géif och an déi Richtung tendéieren. D'Positioun vu Lëtzebuerg géif am September op der UNO-Generalversammlung zu New York annoncéiert ginn.