Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Arbitter an der Olympia Dëschtennis-Finall

Olympesch Spiller

Lëtzebuerger Arbitter an der Olympia Dëschtennis-Finall

Wat de Lëtzebuerger Sportler:inne bei Olympia net vergonnt war, erlieft am Nomëtten e Lëtzebuerger Arbitter. De Pol Pierret ass nämlech an der Finall vun der Dëschtennis-Ekippecompétitioun vun den Hären am Asaz.

auto_stories

2 min

Foto: Pol Pierret

Et wier schonn eng Éier gewiescht, fir bei den Olympesche Spiller dobäi ze sinn, sot den Arbitter am 100,7-Interview. Wann een déi Chance hätt, da wéilt een och sou wäit wéi méiglech kommen. An dat wier him gelongen, sou de Mann vun der Stater Union.

Ech freeë mech riseg op dee Match”, erkläert de Pol Pierret 5 an eng hallef Stonne virun deem grousse Moment: Der Finall China géint Schweden.

“Do wäre vun 20 Arbitteren der 18 a Fro komm, déi et hätte kënne maachen."

Zesumme mat engem Tunesier gouf de Lëtzebuerger fir d’Finall selektionéiert, an an där gëtt sech all Match ofgewiesselt. Am Dubbel wäert hien als Assistent ufänken. Beim Eenzel wäert hien als Éischten arbitréieren.

Ee Match war bësse méi heekel

An deem kéint et zur Neioplo vun der Simpel-Finall tëscht dem Chines Fan Zhendong an dem Schweed Truls Moregard kommen.

45 Minutte virum Match, wéissten d’Arbitteren, wee géint wee spillt. A sollt d’Partie net 3:0 fir China ausgoen, da kéim de Pol Pierret nach emol beim 3. Simpel zum Asaz.

Seng Aufgab besteet ënner anerem doran, d’Richtegkeet vum Service ze iwwerpréiwen. Bis dato hat den Arbitter ee Match zu Paräis, deen e bësse méi heekel war.

“Ech hat ee Match missen ënnerbriechen, well e franséische Schwëmmer eng Goldmedail gewonnen huet, wou et einfach ze haart war.”

"Genéissen an dat Bescht maachen"

D’Presenz an der Finall, dës Kiischt um Kuch, misst preparéiert ginn. An dat net 1 Joer mee 3-4 Joer am viraus, betount de Pol Pierret.

A wat fir enger Stëmmung geet de Lëtzebuerger dann an déi Finall eran, mat Uspanung oder mat Virfreed?

„Jo, einfach nëmme pur Freed. Ech wëll et nëmme genéissen an dat Bescht maachen.”

Meeschtens wier hien ugespaant viru Finallen, betount de Pol Pierret. Deem seng éischt Olympesch Spiller wuel och seng lescht dierfte sinn. Et géif nämlech ëmmer gekuckt ginn, fir bei den Arbitteren ofzewiesselen.