arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Aktivistin soll haut nees heem kommen

March to Gaza

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Aktivistin soll haut nees heem kommen

D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens Huberty soll um Mëttwoch zu Lëtzebuerg ukommen. Dat huet March to Gaza Lëtzebuerg an engem Communiqué matgedeelt. Deemno géif si den Owend kuerz viru 6 Auer mam Zuch vu Bréissel aus op der Gare zu Lëtzebuerg ukommen.

headphones

1 min

D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif
D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif

Duerno wier eng Pressekonferenz virgesinn. D'Nora Fellens Huberty war virgëschter, zesumme mat 170 aneren Aktivistinnen an Aktiviste vun der internationaler Hëllefsflott fir Gaza vun Israel ausgewisen a fir d‘éischt op Athen geflu ginn.

Déi israeelesch Marinn hat Enn leschter Woch iwwer 40 Booter mat Hëllefsliwwerunge fir d'Gazasträif ofgefaangen. Iwwer 400 Leit aus Dosende Länner goufe festgeholl.