De Wuesstum vun 1,7 Prozent ass haaptsächlech bedéngt duerch d‘Migratioun. Ronn 27.000 Mënsche sinn d‘lescht Joer nei zu Lëtzebuerg ukomm. Ronn 16.600 hunn d‘Land verlooss. An dat ware virun allem Lëtzebuerger: 3.102 Lëtzebuerger hunn d‘lescht Lëtzebuerg de Réck gekéiert, duerno komme Portugisen a Fransousen.
Da si 6.230 Kanner d‘lescht Joer hei am Land op d‘Welt komm. Manner wéi d‘Joer virdrun. Domat ass och de Feconditéitstaux erofgaangen: Eng Fra kritt an der Moyenne 1,25 Kanner. Zanter 2000 ass deen Taux zeréckgaangen. Bei de Lëtzebuergesche Fraen ass deen Taux nach méi déif, wéi bei den Auslännerinnen.