arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg stellt sech hanner Initiativ “My voice my choice” fir Recht op Ofdreiwung

Europäesch Biergerinitiativ

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerg stellt sech hanner Initiativ “My voice my choice” fir Recht op Ofdreiwung

Lëtzebuerg an aacht aner EU-Länner ruffen d’Europäesch Kommissioun dozou op, d’Initiative “My voice my choice” ze ënnerstëtzen. D’Kommissioun soll déi nächst Woch decidéieren, ob a wéi si den Demanden vu “my voice my choice” nokomme wäert.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Déi Decisioun gëtt vun där Initiative, an och am Europaparlament mat Spannung erwaart. Si soll en Donneschdeg am Collège vun den EU-Kommissäre getraff ginn. D’Initiative My voice my choice huet méi ewéi eng Millioun Ënnerschrëfte gesammelt - an hat d’Critèren erfëllt fir offiziell als eng sou genannten “Europäesch Bierger-Initiative” unerkannt ze ginn. 

Esou eng Initiativ huet prinzipiell d’Recht d’Europäesch Kommissioun opzeruffen, nei Gesetzer ze proposéieren an d’Kommissioun muss dorop reagéieren.

Néng Länner maachen Appell un d’Kommissioun, aktiv ze ginn

Dat sech elo d’Regierunge vun néng EU-Länner dohannert stellen, wier ee wichteg Signal, esou d’Initiativ en Donneschdeg an engem Communiqué. De Bréif, deen eis virläit, gouf direkt vun zwou Lëtzebuerger Ministerinnen ënnerschriwwen - där fir d’Egalité vun de Genren, Yuriko Backes an der Gesondheetsministerin Martine Deprez.

“My voice my choice” wier ee wichtege Schrëtt, fir reproduktiv Rechter op Europäeschem Niveau ze stäerken. Fundamental Rechter an der EU, esou wéi se an den Traitéen definéiert goufen, misste garantéiert ginn. Et géing net drëm, national Kompetenzen a Fro ze stellen.

Déi néng Länner ruffen d’Kommissioun op, ze ënnersichen, wéi d’Initiative ka praktesch ënnerstëtzt ginn. Konkret setzt sech “my voice my choice” dofir an, een europäesche Solidaritéits-Mechanismus op d’Been ze setzen, dee fir all d’EU-Länner op wier an dee vun EU-Sue finanzéiert géif.

E soll d’Memberlänner dobäi ënnerstëtzen, Accès op sécher Ofdreiwungen am Aklang mat de nationale Gesetzer ze ginn.

EU-Parlament hat sech am Dezember hannert “My voice my choice” gestallt

D’Europaparlament huet sech am Dezember majoritär hannert d’Initiative gestallt a rifft d’Kommissioun genee ewéi elo déi néng EU-Länner op, ze handelen.

D’Parlament stellt a senger Resolutioun fest, datt et a verschiddene Länner an der EU nach ëmmer Barrièren gëtt, fir ee sécheren a legalen Zougank zu enger Ofdreiwung a mécht een Appell, dat ze änneren.

D’Resolutioun war Mëtt Dezember mat 358 zu 202 Stëmmen ugeholl ginn - nodeems eng Géigepropose vu verschidden Deputéierte vun der Europäescher Vollekspartei an der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer keng Majoritéit krut. 

D’Lëtzebuerger Europadeputéiert haten alleguerte mat der Ausnam vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser fir den Text gestëmmt, deen dozou oprifft, d’Initiative “my voice my choice” ze ënnerstëtzen.

play_arrow Lauschteren