natur&ëmwelt wëllt déi Prozedur kritesch begleeden a genee kucken, wat Lëtzebuerg elo ënnerhëlt, fir d‘Waasserqualitéit ze verbesseren, heescht et an engem Communiqué.
Wäit vun den Ziler ewech
Am Moment wier keen eenzegt Uewerflächewaasser wéi Baachen, Flëss oder Weieren an engem gudden ekologeschen Zoustand, an och beim Grondwaasser wier d‘Situatioun kritesch.
Och wann an de leschte Jore Fortschrëtter gemaach gi wieren, wier Lëtzebuerg nach ëmmer wäit vun den Ziler vun der europäescher Waasserschutz-Direktiv ewech, esou natur&ëmwelt.
*An enger éischter Versioun vum Artikel huet den Titel "Lëtzebuerg riskéiert Sanktiounen: Keng Baach, kee Floss oder Weier a guddem Zoustand" geheescht, wat faktuell net ganz richteg ass. D'Rüg gouf net wéinst dem schlechten Zoustand vun de Gewässer ausgeschwat mee wéinst de Waasserressourcen.