arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Handelskammer pessimistesch: Lëtzebuerg ass net business-frëndlech genuch

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Handelskammer pessimistesch: Lëtzebuerg ass net business-frëndlech genuch

D’Ëmfeld zu Lëtzebuerg wier nach ëmmer net business-frëndlech genuch an et géif ze vill Reglementatioune ginn, déi d’Betriber zu Lëtzebuerg aschränken. Dee Bilan zitt d’Chambre de Commerce.

headphones

1 min

D’Regierung hätt sech dëse Volet zwar op hire Fändel geschriwwe, mee bis ewell wiere keng strukturell Ännerungen an deem Beräich geschitt, fënnt de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen.

D’Mesure vun der Regierung wieren dacks nach ze zeréckhalend, wéi zum Beispill bei der Pensiounsreform.

Kee Grond zu Optimismus

Dëst Joer hätten d’Douanestaxen déi d’USA imposéiert hunn och nach zu zousätzleche Problemer an Europa an zu Lëtzebuerg gefouert.

Och fir 2026 wieren d’Aussichten net déi allerbescht: Eng geréng Croissance an héich ëffentlech Scholden an Europa géifen net vill Grond zu Optimismus ginn, esou de Generaldirekter vun der Handelskammer. 

"An et ass awer wichteg, trotzdeem erëm op dee Kurs, op dat Zil, wat sech gesat gouf, hinzekommen. An dat ass och wichteg fir eis Betriber, fir deene Confiance ze ginn, datt do déi noutwendeg Moossname geholl ginn, fir der Volatilitéit e bëssen entgéintzesteieren, fir datt Lëtzebuerg ëmmer op de Kurs kënnt vu Kompetitivitéit, vun Attraktivitéit an och vu Rentabilitéit."

play_arrow De Carlo Thelen