arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg manner ënner Beschoss wéinst Steierpolitik

LUC FRIEDEN AM EU-PARLAMENT

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Lëtzebuerg manner ënner Beschoss wéinst Steierpolitik

Bei sengem éischten Optrëtt am Europaparlament konnt de Premier Luc Frieden de wéinegen Attacken iwwer déi Lëtzebuerger Steierpolitik ouni Problem aus dem Wee goen. Seng Ried war trotzdeem eng mat ëmstriddenen Appeller.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Fir iwwer Zukunft vun Europa ze debattéieren, war de Premier Luc Frieden an d’Europaparlament invitéiert ginn.

Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit zwee Mol gemaach.

Wéineg Kritik wéinst Lëtzebuerger Steiermodell

Deemools stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Debat en Dënschdeg an der Plenière zu Stroossbuerg.

“Vous êtes à la tête d’un braquage en bande organisé. Oui un braquage, car comment nommer autrement un état membre qui orchestre l’évasion fiscale européenne et dont le modèle pille littéralement les recettes fiscales des autres pays.”

Esou Attacken, wéi déi vun der Co-Cheffin vun deene Lénken, Manon Aubry waren dës Kéier rar geséint.

Luc Frieden fir kloer Zäitschinn bei EU-Erweiderung

De Luc Frieden huet sech op en Neits géint Kontrollen op de Grenze bannent der EU ausgeschwat, an och dofir, datt d’EU - wann et ëm nei Membere geet - geopolitesch iwwerleeë muss.

Dat heescht och, d’Kandidaten net éiweg waarde loossen, mee hinnen eng kloer Zäitschinn fir de Bäitrëtt ginn.

Konkret sollten d’Negociatioune mat Montenegro d’nächst Joer ofgeschloss ginn, esou de Premier.

Propose fir Bürokratieofbau sinn ëmstridden

Fir méi kompetitiv ze gi muss Europa de Message vun engem Ëmdenken no bausse ginn a Bürokratie ofbauen. Dat war ee vun den Haaptmessagë vum CSV-Politiker.

Mee d’Proposen, déi um Dësch leien, sinn am Europa-Parlament méi ëmstridden, wéi ënner den EU-Memberstaaten. Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz mengt dozou:

“Oui à la simplification, mais non à la deregulation qui nuit aux citoyens et à la planète.”

Si fäert ewéi anerer, datt sozial an Ëmwelt-Standarden am Numm vum Bürokratieofbau erofgeschrauft ginn.

Fir manner strikt klimapolitesch Reegelen, déi méi industriefrëndlech sinn, setzt sech am Ablack am Parlament d’Europäesch Vollekspartei, zu där och dem Luc Frieden seng CSV gehéiert an. Dofir kämpfe scho méi laang déi riets a riets-extrem Fraktiounen.

Froen iwwer déi pro-europäesch Koalitioun

D’EVP muss sech iwwerleeën, mat wiem si sech zesummendeet, esou eng Fuerderung ënner anerem vun de Sozialisten am Parlament. Dat stellt och de Marc Angel kloer.

"Jamais nous socialistes sacriefierons nos ambitions environnementales et sociales au profit d’une dérégulation aveugle."

Den LSAP-Europadeputéierten mécht och de Lien mat der Politik vu schwaarz-blo am Grand-Duché: Fir de Sozialist ass de stolze Ruff vum Lëtzebuerger Modell als europäesch Inspiratioun a Fro gestallt.

"Je suis profondément inquiet face à certaines decisions récentes de votre gouvernement, Monsieur le premier ministre, qui remettent en cause ce modèele et fragilisent la paix sociale."

Et wier um Zentrum, seng Responsabilitéiten an enger pro-europäescher Koalitioun ze iwwerhuelen, fuerdert de Charles Goerens vun der DP.

Luc Frieden: Keng Distinctioun tëschent Simplificatioun an Deregulatioun

Direkt geäntwert huet de Luc Frieden net dorop. En Ënnerscheed tëschent Bürokratieofbau an Deregulatioun wëll hien op alle Fall net maachen

Et misst ee sech froen, ob déi Reegele wierklech zu deem gestallten Zil féieren, esou de Premier.

Wat den Zentrum ugeet, sou war et säin Appell, datt d’EU genee do muss no Kompromësser sichen.

"Parce que si la politique du centre ne réussit pas, ce sera une politique de confrontation, une politique des extrêmes."

D’Fro, wéi wäit sech deen Zentrum fir Kompromësser ze fannen, no riets ausdeene kann, bleift op.

Och déi, déi um Enn een hollännesche Grénge gestallt huet: Jidderee géif dat klengt Schenge kenne, vu wou aus den europäeschen Dram vun den oppene Grenze wouer gi wier, esou den Reinier van Lanschot, deen de Premier no sengen Dreem fir d’Zukunft freet.

"Ech froen Iech, wéi ee klengt Duerf zu Lëtzebuerg wëllt Dir als nächst berüümt maachen?"

Eng Fro, déi esou guer Parlamentspresidentin Roberta Metsola kuerz zum Laache bruecht huet.

Keng Aussoen op Lëtzebuergesch

Firwat hie seng Ried net op Lëtzebuergesch gehalen huet, wollt den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser wëssen. Hien huet déi Fro op Franséisch gestallt.

Hie wier stolz op seng Lëtzebuerger Sprooch, esou de Luc Frieden - och op Franséisch. Mee fir datt hien am Parlament verstane gëtt, géif hien dorop verzichten, se do ze benotzen.

 

play_arrow Lauschteren