arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg lancéiert éischten nationalen Defensefong mat 150 Milliounen Euro

Defense

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg lancéiert éischten nationalen Defensefong mat 150 Milliounen Euro

Lëtzebuerg kritt en éischten nationalen Defensefong. Virgesinn ass ee Startkapital vun 150 Milliounen Euro iwwer fënnef Joer. D’Zil sinn Investissementer an innovativ Entreprisen, zum Beispill aus de Beräicher Cybersécherheet a Weltraum.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Yuriko Backes, Vincent Turmes, Lex Delles, Gilles Roth | © Serge Kesseler
(v.l.n.r.) Yuriko Backes, Vincent Turmes, Lex Delles, Gilles Roth (Foto: Serge Kesseler)

Dräi Ministeren hunn den neie Fong de Mëtteg presentéiert. Duerch den neie Fonds National de Défense (FND) sollen national Betriber ënnerstëtzt ginn, mee och nei Aktivitéiten ugezu ginn.

Déi investéiert Sue sollen Aarbechtsplazen a Sécherheet schafen,  esou d’Defenseministesch Yuriko Backes (DP) bei der Presentatioun. D’Suen aus dem neie Fong ginn als Deel vum Lëtzebuerger Verdeedegungseffort unerkannt.

“Dofir brauche mir méi eng staark Industrie, Défenseindustrie, déi déi Capacitéiten, déi mir musse kafen, dann och produzéiert. A fir eis ass et eeben do wichteg, datt mer och Lëtzebuerger Acteuren hunn.”

Och zivil Entreprise sollen ënnerstëtzt ginn

Den neie Fong soll an Entreprisen investéieren, déi zum Beispill Zouliwwerer vu Material oder Fuerschung kënne ginn, huet de Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) erkläert. Donieft sollen Entreprisen aus dem ziville Beräich ënnerstëtzt ginn, fir och am Defenseberäich aktiv ze ginn.

“Mir hunn Entreprisen, déi si purement am Zivillen. Wa se wëllen an den Defense-Secteur goen, da geet dat net vun haut op muer. Do gëtt et Classifikatiounen, do gëtt et verschidde Spezifizitéiten an eebe grad do ass och eng Zesummenaarbecht mat Luxinnovatioun zum Beispill fir d'Bedriber doranner ze begleeden.”

150 Millioune Startkapital

Finanzéiert gëtt den neien nationale Verdeedegungsfong vun der Bank SNCI (Société nationale de crédit et d'investissement), dem Staatsbudget an dem Fonds souverain, esou de Finanzminister Gilles Roth (CSV).

“Duerfir kënnt Der d'Fro stellen, ass dat 150 Milliounen, dat ass e Startkapital, wat moderéiert ass. Mee dat verhënnert net, datt jee no Evolutioun, datt een do géif nach eng Kéier Kapital noschéissen.”

Eent vun den Ziler vum neie Fong wier och, datt d’Investissementer rentabel sinn. Gläichzäiteg wiere se awer mat engem gewësse Risiko verbonnen, esou de Finanzminister, deen d’Envergure vun deem Risiko awer net méi am Detail beschriwwen huet.

play_arrow Lauschteren