arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Zäregasemissiounen zu Lëtzebuerg sinn zejoert erofgaangen

Ëmweltministère deelt mat

|
reading time

1 min

D‘Zäregasemissiounen zu Lëtzebuerg sinn zejoert erofgaangen

Aus dem provisoreschen Bilan vum Ëmweltministère geet ervir, datt Lëtzebuerg fir dat fënneft Joer hannerteneen d‘Ziler a Saache Reduktioun vun den CO2-Emissiounen agehalen huet.

reading time

1 min

CO2 Emissiounen | © Unsplash / Marcin Jozwiak
CO2 Emissiounen (Foto: Unsplash / Marcin Jozwiak)

Dës Emissioune wieren 2024 par rapport zum Joer virdrun ëm ronn 1,5 prozent erofgaangen. Den Transport mécht bei den Emissiounen nach ëmmer am meeschten aus.

Nach de Moien huet den Mouvement Ecologique kritiséiert: Spéitsdens bis gëschter (also en Donneschdeg n.v.d.R) hätt den Ëmweltministère dësen Tëschebilan eigentlech publizéiere missen.