arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg huet en Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro gemaach 

Staatsfinanzen

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg huet en Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro gemaach 

De Lëtzebuerger Staat huet gëschter um Mëttwoch een Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro gemaach. Domat läit d‘Staatsschold elo bei 24,4 Milliarden Euro, also e bësse méi wéi 27 Prozent vum PIB, mee weiderhin ënner dem Seuil vun 30 Prozent.

headphones

1 min

Finanzministère | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Finanzministère (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Den Emprunt leeft iwwer 10 Joer an ass och op der Bourse hei am Land kotéiert. Investisseure si virun allem europäesch, institutionell Acteuren, wéi Banken oder EU-Institutiounen.