arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg huet der Ukrain 33 Generatoren an 114 Deminage-Kitten ginn

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg huet der Ukrain 33 Generatoren an 114 Deminage-Kitten ginn

De Vize-Premier a Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet déi Equipementer bei enger offizieller Zeremonie, a Presenz vum ukraineschen Ambassadeur haut iwwerginn. 

headphones

1 min

Ukraineschen Ambassadeur Kostiantyn Zhumenko an de Vizepremier Xavier Bettel | © MAE Luxembourg
Ukraineschen Ambassadeur Kostiantyn Zhumenko an de Vizepremier Xavier Bettel (Foto: MAE Luxembourg)

Déi Equipementer ginn elo iwwer den europäesche Protection civile-Mechanismus an d‘Ukrain transferéiert. D‘Generatore gi gebraucht fir d‘Leit an deene Regiounen, déi wéinst de russesche Bombardementer kee Stroum a keng Heizung méi hunn. 

Mat den Deminage-Kitte kënne Minnen detektéiert an neutraliséiert ginn.

Et ass déi zweet Liwwerung vun sou Equipementer vu Lëtzebuerg an d‘Ukrain: 2024 hat de Grand-Duché schonn 110 sou Kitte geliwwert.