D’Yuriko Backes hat schonn um Mëttwochmëtteg verschidde Reuniounen, dorënner eng vun den NATO-Defenseministeren.
“Lëtzebuerg ass do och dobäi iwwert d'Purl-Initiative, déi d'NATO geholl huet, wou d'Europäer amerikanesch Waffe kafen, well déi disponibel sinn an an Europa esou Waffen, déi do gebraucht ginn, am Fong net disponibel sinn, huet och Lëtzebuerg do en Engagement geholl a mir wäerte mat 15 Milliounen Euro do contribuéieren, fir Waffen ze kafen, déi d'Ukrainer och wierklech ganz direkt brauchen.”
D’Verdeedegung vun Europa géif an der Ukrain ufänken, esou d‘Ministesch am 100,7 Interview.
"All Euro, dee mir och an d'Ukrain, an d'Defense, an d'Verdeedegung vun der Ukrain investéieren, ass och an eis eegene Sécherheet investéiert. Ech mengen, dat ass fir mech e ganz wichtege Message an dat maache mir och zesumme mat aneren Alliéierten."
500 Milliarden Dollar fir "Purl"
Bis dato sinn 20 NATO Länner um Finanzement vun amerikanesche Waffe bedeelegt. Am ganze solle 500 Milliarden Dollar ënner der Initiative “Purl” zesumme kommen.
Beim “Purl” géing et drëms goen, kruzial Saachen ewéi Loftofwiersystemer anzekafen, fir zivil Bevëlkerung a wichteg Infrastrukture géint russesch Attacken ze protegéieren, heescht et vum NATO General-Sekretär Mark Rutte.