Et wéilt e besonnesch Lëtzebuerg als Finanzplaz op der Welt méi an de Vierdergrond stellen. Et hellt ee sech dobäi e Beispill un Irland. Dofir sollen och vum Finanzministère rekrutéiert Leit op Ambassaden a Konsulater op der Welt agesat ginn.
Nei Ambassaden a Konsulater
Zu den Ambassaden a Konsulater déi bis 2028 sollen opgemaach ginn ass ënner anerem Nairobi oder och Austin an den USA.
D'Lëtzebuerger Finanzplaz am Ausland méi ze promouvéiere wier néideg well d'Konkurrenz géif net schlofen, a Lëtzebuerg hätt a verschidde Punkten "Nachholbedarf", esou den DP-Aussen- an Handelsminister Xavier Bettel.
"Ech gesinn dat virun allem op staarke Finanzplazen, Irland ass ee vun de Beispiller, mee et ass net u mir Iech ze soen, wou, wat d'Konkurrenz alles mécht, mee déi schléift net an huet och e Réseau diplomatique, de sech wierklech vill verbreet huet an deen och ganz, ganz aktiv ass am Domaine vun de Finanzen."
Fir Lëtzebuerg op finanziell wichtege Plaze méi an de Vierdergrond ze stellen huet ee Wëlles bis 2028 Konsulater an Ambassaden zu Hong Kong, Singapur, Nairobi, São Paulo oder och zu Austin an den USA opzemaachen. Dës wiere wichteg Plazen um Finanzmarché an do misst ee sech néierloossen, hunn déi zwee Minister betount.
Ambassaden am Sahel ginn zougemaach
Donieft sollen 3 Ambassaden zougemaach ginn. Dat am Niger, Burkina Faso a Mali. Do hätt e gemierkt, datt een net erwënscht wier, an dann hätt dat Ganzt kee Sënn, esou nach de Xavier Bettel.